Meng Hobbien:

Musek an alles wat domatt ze dinn huet. Ech sange gär, spille Saxophon an der Escher Musek,  a Piano doheem just for fun. Ausserdem mecht et mir vill Freed fir op spillerech Aart a Weis groussen a klenge Schüler Noute bäizebréngen.

En anere groussen Hobby vu mir ass natiirlech Schreiwen, ... Theaterstécker, Musicals, Gedichter, Geschichten, Texter, meeschtens op lëtzebuergesch mee awer munchmol och op däitsch.

D'Iddie fir en Theaterstéck ze schreiwen koum  2001 wéi d'Ugda ee Concours ausgeschriwwen hat. De Courage fir matzemaachen hat ech am Fréijoer 2002  an hunn dat Stéck "Den Onstierfléchen" ageschéckt. Ech krut zwar kee Präis, hu mech dun awer rieseg gefreet wéi d'Jugend vu Nidderwampich-Schoempich mech kontaktéiert huet fir ze froen ob sie mäi Stéck däerfte spillen. Hinne vun dëser Plaatz aus ee grousse Merci fir d'Première vu mengem éischten Theaterstéck!!!! Well esou koum ech op d'Iddie fir no dësem Stéck nach 5 anerer ze schreiwen.

Spiritualitéit ass eng aner grouss Leidenschaft vu mir. No enger Ausbildung an dem Beräich, hunn ech geléiert als Bioenergietherapeut souwéi och als Channel-Medium ze schaffen.

Ausserdem liesen ech vill (haapsächlech spirituell Bicher), fotographéiere gär a fille mech immens wuel dobaussen an der Natur.